Wouranner besteet d’Base légale, fir d’Schüler ze obligéieren, de Masque wärend dem Unterrecht unzehunn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Am Kader vum aktuelle Covid-Gesetz mat Prise d’effet den 22. Februar 2021 ass gesot ginn, d’Schüler misste vum Cycle 2 un och wärend dem Unterrecht am Klassesall déi ganzen Zäit e Masque unhunn.

Am Artikel 4 (8) vun deem Gesetz steet awer geschriwwen: „Les règles énoncées aux paragraphes 2, 4 et 5 ne s’appliquent pas aux activités scolaires, y inclus péri- et parascolaires.“ Deemno ass d’Masqueflicht wärend de Schoulstonnen just eng Recommandatioun.

An deem Kontext, an och well et eisen Informatiounen no vill Kanner gëtt, déi vun hiren Elteren net ugehale ginn, de Masque am Klassesall ze droen, erlabe mir eis, folgend Froen un den Här Educatiounsminister ze stellen:

  • Huet den Här Minister Kenntnis vu Fäll, an deenen d’Kanner refuséieren, de Masque am Klassesall unzehalen?
  • Wa jo, wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Enseignanten, fir d’Kanner dozou ze beweegen, de Masque unzehalen?
  • Wouranner besteet d’Base légale, fir d’Schüler ze obligéieren, de Masque wärend dem Unterrecht unzehunn?
  • Wéi évaluéiert den Här Minister d’Noutwendegkeet, fir de Gesetzestext nozebesseren, fir dës wichteg zousätzlech Mesure géint eng weider Verbreedung vum Covid-19-Virus sou séier wéi méiglech konsequent kënnen ëmzesetzen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                   Jean-Paul Schaaf

Deputéiert                                           Deputéierten

Zréck