Wou sinn d’Konklusiounen vum interministeriellen Aarbechtsgrupp drun deen d’App gouvalert.lu iwwerschafft huet?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro als Komplement zur parlamentarescher Fro n°4672 un Här  Premier-  a  Staatsminister an  un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

Rezent war an engem Zeitungsartikel ze liesen, dass d’Regierung am Hierscht 2020 e interministeriellen Aarbechtsgrupp agesat hat fir d’App gouvalert.lu ze iwwerschaffen. D’Konklusiounen vun deem Aarbechtsgrupp géifen an ee konkrete Projet rafléissen mam Ziel bis 2022 ofgeschloss ze sinn.

Mir wéilten duerfir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Sinn d’Konklusiounen vum uewe genannten Aarbechtsgrupp publizéiert ginn?
  • Wa jo, op wéi engem Internetsite fënnt een dës Konklusiounen?
  • Wann net, plangt d’Regierung dësen “Oubli” ze redresséieren?
  • Sollt dat net de Fall sinn, ass d’Regierung bereet der Chamber d’Konklusiounen vum uewe genannten Aarbechtsgrupp zur Verfügung ze stellen?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles   &    Gilles Roth

Deputéierten

 

Zréck