Wou bleiwen d’Informatiounen iwwert den Impfzoustand vun Infizéierten, vu Leit an de Klinicken an op der Intensivstatioun a vu verstuerwene Leit?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

An engem RTL-Artikel steet haut ze liesen, dass sech an Däitschland vu 36 Milliounen Leit, déi komplett geimpft waren, just 0,015% mam Coronavirus infizéiert hätten.

Och wann een zu Lëtzebuerg an de wöchentleche Rapporten vum Santésministère Informatiounen fënnt, iwwer d’Unzuel vun Infizéierten, vu Leit an de Klinicken an op der Intensivstatioun, vu verstuerwene Leit, sou gëtt kee Bezuch op den Impfzoustand vun de betraffene Persounen gemaach, i.e. op déi betraffe Persounen scho geimpft waren oder net.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen :

  • –  Wier et méiglech Informatiounen iwwer den Impfzoustand vun uewegenannte Persounen réckwierkend iwwer déi lescht Wochen ze kréien (ugefaangen mat der Woch vum 28. Juni 2021)?
  • –  Kéint d’Madamm Ministesch veruloossen, dass dës Informatiounen an déi nächst Wocherapporten direkt mat integréiert ginn?

    Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

    Michel Wolter

    Deputéierten

page1image8637488

Zréck