Wou ass et technesch méiglech fir d’Capacitéit op der Nordstreck ze erhéijen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Eisebunnslinn 10 un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Duerch den Äerdrutsch op der sougenannter Nord-Streck am Tunnel „Schieburg“ tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz ass den Zuchverkéier am Norde vum Land viraussiichtlech fir eng länger Zäit gestéiert. Dësen Tëschefall weist wei vulnerabel den Eisebunnsreseau am Norde vum Land duerch seng Eegleisegkeet ass.

An deem Kontext géife mir gäre folgend Froen Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen.

  • Op wei engen Tronçon’en ass et technesch méiglech Nordstreck op d’Zweegleisegkeet auszebaue respektiv wou kennen Auswäichgleiser ugeluecht gi fir insgesamt Capacitéit op der Nordstreck ze erhéijen ?
  • Wéini ass Regierung gewëllt déi néideg Infrastrukturaarbechten unzegoen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Aly Kaes

Emile Eicher

Jean-Paul Schaaf

Zréck