Wou ass dee vum Mobilitéitsminister den 29. Januar 2019 ugekënnegte Projet drun, fir Beem, déi laut Sécherheetsaudit ze no bei der Strooss stinn, méi wäit vun der Strooss ewech an d’Felder ëmzeplanzen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister an un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

D’Diskussioun iwwer d’Beem um Stroosserand an déi domat verbonne Froen zur Verkéierssécherheet sinn net néi. Ëmmer nees geschéien Accidenter, bei deene Gefierer an e Bam rennen, dacks mat trageschem Ausgang.

Den 29. Januar 2019 – virun zimmlech genau zwee Joer – hat ech an der Chamber eng Question élargie zu genau deem Thema un den Här Mobilitéitsminister geriicht. A senger Äntwert hat hien deemools eng Partie Moossnamen an Aussiicht gestallt hat.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister an un d’Madamm Ëmweltministesch stellen :

  • Wou ass dee vum Mobilitéitsminister den 29. Januar 2019 ugekënnegte Projet drun, fir Beem, déi laut Sécherheetsaudit ze no bei der Strooss stinn, méi wäit vun der Strooss ewech an d’Felder ëmzeplanzen?
  • Wéi vill Beem sinn zanterhier ëmgeplanzt ginn a wou gouf dat gemaach ?
  • Wéi vill Beem sollen nach ewechgeholl ginn ? Wou a wéini ass dat geplangt ?
  • Wéi vill Beem sinn zanterhier op nevralgesche Punkte vum Stroossereseau ewechgeholl an duerch Hecken ersat ginn ?
  • Op wéi engen nevralgesche Punkten vum Stroossereseau sinn zanterhier Leitplanken virun de Beem installéiert ginn, fir dass se keng Gefor méi fir de Verkéier duerstellen ?
  • Gëtt et e konkreten Zäitplang zum Opstelle (mat konkrete Critère fir d’Opstelle) vu Leitplanke viru Beem ? Wa jo, wéi gesäit deen am Detail aus ?
  • Wéi gëtt d’Kompensatioun vu Beem an der Praxis ëmgesat, déi laanscht Strooss ewech geholl ginn ?
  • Wéi vill Prozent dovu ginn erëm mat Beem laanscht d’Strooss kompenséiert, wéi vill Prozent mat Hecken a wéi vill Prozent mat Beem op enger anerer Plaz ?
  • Kann den Här Minister eng Lëscht virleeën, wou a an op wéi eng Aart a Weis an de leschten zwee Joer Beem kompenséiert goufen ?
  • Wann e Bam an enger Natura-2000-Zon soll ewechgeholl ginn, muss dat bekanntlech vum zoustännege Ministère autoriséiert ginn. Kann d’Madamm Ëmweltministesch mir eng Lëscht mat alle Beem zoukomme loossen, déi op hiren Uerder hin hu misse stoe gelooss ginn ?
  • Wa Beem hu misse stoen gelooss ginn, wat waren an deene respektive Fäll d’Argumenter vun der Madamm Ëmweltministesch ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck