Wou ass de Projet “Contournement Housen” drun? Am Regierungsprogramm 2018-2023 ass d’Prioritéit vum Contournement Housen vun 2 op 1 gesat.

D’Äntwert op dës Fro fann der ënnert dësem Link : QP1208

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro iwwert de Contournement vun Housen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Ronn 19.000 Autoe fueren dagdeeglech duerch Housen. Eng Ëmgeeungsstrooss, de Contournement vun Housen, soll derfir suerge Liewensqualitéit vun den Housener Leit erëm ze verbesseren.

De 23. Juli 2018 war an der Gemeng Housen eng Informatiounsversammlung wou de Projet vum Contournement am Zesummenhang mat de Sécherheetsbestëmmungen op de N7 presentéiert ginn ass. Bei dëser Presentatioun war de Projet an der Phase vum « avant-projet sommaire ».

De fréieren Nohaltegkeetsminister souwéi och de Staatssekretär am Ëmweltministère hunn deemools versprach datt bei hinnen de Wëllen do wier fir eng séier Ëmsetzung vun dësem Projet. Den Här Staatssekretär huet ausserdeem präziséiert, dass wann déi nächst Regierung wëll, de Projet d’nächst Joer (2019) duerch d’Chamber kéint sinn. 2020 kéint am beschte Fall ugefaange ginn ze bauen an 3 Joer drop kéint alles fäerdeg sinn.

Duerch de Fait, dass de Contournement nach net gebaut gëtt kennen op der N7 duerch Housen weiderhin net wichteg a dringend Infrastrukturaarbechte geleescht ginn, sou zum Beispill Aarbechten um Waasserreseau an um Kanal déi zënter den 1930er respektiv den 1950er Joren am Buede leien.

Am Regierungsprogramm 2018-2023 ass Prioritéit vum Contournement Housen vun 2 op 1 gesat.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Wéini gëtt de Projet an d’Finanzéierungsgesetz iwwert de Contournement Housen an der Chamber deposéiert ?

 

  • Wéi wäit ass de Comité d’Acquisitioun mam Kafe vun den Terrainen ?

 

  • Wéini kann optimalerweis mam Bau vum Contournement ugefaange ginn an op wei vill Joer sinn des Aarbechten ugesat?

 

  • Ass geplangt N7 duerch Housen zeréck ze bauen? Wa jo wéini soll dat geschéien a wien finanzéiert dëse Réckbau?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

 

 

 

 

Zréck