Wou ass de Ministère mam Ausbezuele vun de Subside fir de Kaf vun engem Vëlo aktuell zäitlech drun?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

D’Regierung setzt bekanntlech verstäerkt op déi douce Mobilitéit an den ëffentlechen Transport, wat ze begréissen ass. Am Kader vun der Pandemie a besonnesch dem Lockdown sinn d’Leit méi trëppele gaangen an hunn och mam Vëlo d’Natur exploréiert.

Wärend der Pandemie huet d’Uschafe vun engem Vëlo doduerch richteg geboomt. De Subsid bei der Uschafung huet natierlech och dozou bäigedroen, datt nach méi Leit sech fir e Vëlo entscheet hunn. Bei der Liwwerung vu Vëloen sinn doduerch och Enkpäss entstanen. A vill Leit, déi sech virun 18 Méint e Vëlo kaaft hunn, hunn de staatleche Subsid nach ëmmer net ausbezuelt kritt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung stellen :

  • Wou ass de Ministère mam Ausbezuele vun de Subside fir de Kaf vun engem Vëlo aktuell zäitlech drun?
  • Wéi vill Méint leie maximal a minimal tëscht dem Agangsdatum vun der Demande an dem Iwwerweise vum Subsid ?
  • Wouru läit et, dass den accumuléierte Retard nach ëmmer net opgeschafft ass ?
  • Wéi eng weider Mesure gedenkt d’Madamm Minister en Place ze setzen, fir dass d’Leit hire Subsid zäitno ausbezuelt kënne kréien ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Zréck