Wisou gi vun net-lëtzebuerger Assurancegesellschaften Garantie d’achèvement‘en akzeptéiert wann d’Banken de Monopol sollen hunn? Wat ass hire Rôle wa keng Garantie vun enger Bank virläit?

Dir fannt d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro hei:

Réponse1677garantieachèvement

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den un den Här Finanzminister an d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

Aus engem Artikel aus der nationaler Press vum 29. Oktober geet ervir, dass ëmmer méi Léit sech den Defis vun der Garantie d’achèvement am Kader vun enger VEFA musse stellen. Dës Garantie, déi duerch e Gesetz vun 1976 an d’nationaalt Recht an d’Liewe geruff ginn ass, huet zum Zil d’Keefer virun eventuellen Defaillancë vum Promoteur (z.B eng Faillite) ze schützen. Obwuel d’Keefer vun enger VEFA iwwert déi läscht Joerzéngte wéineg hu missten op déi Dispositioun zréckgräifen, sou waren awer vill Keefer am leschte Joer vun der Faillite vun engem gréisseren Promoteur ausgesat.

Laut Gesetz hunn an desem Fall Banken de Monopol fir e Garant fir de Promoteur ze fanne mee a Realitéit gett déi grouss Majoritéit vun de Garanties d’achèvement vun den Assurancen iwwerholl ginn. Der Autorité de la concurrence no befënnt een sech do an enger juristescher Grozone, wat d’Vertraue vun de Léit schwinden léisst.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen dem Här Finanzminister an der d’Madamm Justizministesch stellen:

  • Wéi kënnt et, dass esou vill Assurancen eng Garantie d’achèvement ginn obschonn d’Banken de Monopol hunn?

 

  • Wouranner besteet déi virgenannt Grozone? Wat ass dem Commissariat aux assurances hir Positioun zu dëser Grozone ?

 

  • Wisou gi vun net-lëtzebuerger Assurancegesellschaften Garantie d’achèvement‘en akzeptéiert wann d’Banken de Monopol sollen hunn? Wat ass hire Rôle wa keng Garantie vun enger Bank virläit?

 

  • Wéi kann de Keefer bescht méiglech iwwert dës Dispositiounen opgekläert ginn? Sinn Informatiounscampagnë geplangt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Députéiert

                                               

Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :

Réponse1472garantieachèvement

Zréck