Wien dierf iwwert d’Grenz no Däitschland a wien net? Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir datt d‘Grenze fir d‘Leit opbleiwen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister weiderzeleeden.

 

D‘Parlament huet aus där nationaler an internationaler Press misste gewuer ginn, datt d’Grenzen zu Däitschland elo faktesch zou sinn. An och bei der Belsch a bäi Frankräich ginn et nach vill oppe Froen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  1. Wat ass elo Sache fir d’Leit? Wien dierf iwwert d’Grenz no Däitschland a wien net? Wien dierft iwwert d‘Grenz no Lëtzebuerg a wien net? Zu wéi engem Zäitpunkt war d’Regierung au courant vun dësen Decisiounen?

 

  1. Wéi ass an dësem Zesummenhang d‘Aarbechtsrecht gereegelt?

 

  1. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir datt d‘Grenze fir d‘Leit erëm faktesch opgi respektiv opbleiwen?

 

  1. Wat ass den aktuelle Stand op eiser Grenz zu der Belsch?

 

  1. Wat ass den aktuelle Stand op eiser Grenz zu Frankräich?

 

  1. Mat wéi enge Rees- an Aarbechtsaschränkungen ass innerhalb vun Europa nach a noer Zukunft ze rechnen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéiert

Zréck