Wëllt d’Regierung, d’Independanten wierklech dozou bréngen Chômage unzefroen, e méi confortabele Wee, wéi sech mussen ze verschëlden?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 83 vun eisem Reglement dat virgesäit, wéilt ech folgend parlamentaresch Fro un d‘Häre Ministere fir Wirtschaft, Mëttelstand an Aarbecht stellen.

 

Et huet laang Woche gedauert bis d’Regierung sech endlech entschloss hat och den Independanten mat Direkthëllefen ënnert d’Ärem ze gräifen. Den „trau dech“ war laang Zäit just e Werbeslogan fir déi vermeintlech besser Joren. A Krisenzäiten gëtt en dann iwwer Bord gehäit.

 

Wann een sech nämlech méi am Detail mat de Konditiounen befaasst, ënnert deenen en Independant eng direkt Hëllef ka kréien, da stellt ee fest, dass déi e.a. och un de Verdéngscht aus dem Joer 2019 geknäppt ass. Huet en Independant bessi méi wéi 60.000 verdéngt, dann huet e keen Urecht op Direkthëllef.

 

Dat ass bedauerlech, well domat eigentlech ganz vill Independanten op en Neits duerch de Raster falen. Och vill Iwwersetzer, där mer zu Lëtzebuerg, net zulescht wéinst der Presenz vun den EU-Institutiounen vill hunn, leiden ënnert der aktueller Situatioun.

 

Aus all deenen Iwwerleeungen eraus, wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

 

  • Wéi gedenkt d’Regierung all deene Leit „direkt“ ze hëllefen?
  • Gehéiert een der Regierung no scho mat engem Joresverdéngscht vun knapps méi wéi 60.000 Euro am Joer 2019 zu de Besserverdénger a brauch duerfir am Joer 2020 an ënnert der Lascht vum „Lockdown“ keng direkt staatlech Hëllef ?
  • Wéi ass et mat deem vill beschwuerenen „trau dech“? Gëllt dee just an Net-Krisenzäiten?
  • Wëllt d’Regierung, d’Independanten wierklech dozou bréngen Chômage unzefroen, e méi confortabele Wee, wéi sech mussen ze verschëlden? Kënnt dat de Staat am Endeffekt net méi deier ze stoen, finanziell an och vum Image hir, wéi eng direkt Hëllef?

 

Ech bieden Iech, Här Präsident, mäin déifsten Respekt entgéint ze huelen.

 

 

 

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

 

 

 

Zréck