Wéivill Kanner kënnen hei am Land schwammen an wéi gesäit d’Entwécklung aus?

 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister an un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Wéi aus dem rezent publizéierte Rapport vum Observatoire national de la Santé „Eng gesond Zukunft: Un rapport sur la santé des enfants au Luxembourg“ ervirgeet, ass all fënneft Kand am Alter tëschent 11 an 12 Joer hei am Land iwwergewiichteg. Ëmsou méi wichteg ass et, datt Kanner genuch Sport maachen. Am Kampf géint d’Fettleibegkeet bei de Kanner ass schwammen ideal, well d‘Gewiicht bei dëser Sportaart keng wichteg Roll spillt an d‘Waasser dat ideaalt Element ass, fir sech ze beweegen. Ausserdeem ass et wichteg, datt Kanner schwamme kënnen, fir datt sech sech kënnen e puer Minutten iwwer Waasser halen, wann se an d’Waasser falen. Ech wollt dofir follgend Froen un den Här Bildungsminister an un den Här Sportminister stellen.

  • Wéivill Kanner kënnen hei am Land schwammen an wéi gesäit d’Entwécklung aus?
  • Wei gesäit an der Grondschoul an am Secondaire d’Entwécklung bei de Präsenzen am Schwammunterrecht aus?
    • An wat fir Cyclë ginn am meeschte Kanner mat an de Schwammunterrecht an a wat fir Cyclë ginn am mannste Kanner an der Schoul mat schwammen?
    • Wat fir Grënn ginn d’Kanner un, wann se an der Schoul net mat schwamme ginn?
  • Ginn et infrastrukturell Ursaachen, firwat keng Schwammcoursë kënnen ofgehale ginn?
  • Ginn et personell Ursaachen, firwat keng Schwammcoursë kënnen ofgehale ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp, Deputéiert

Zréck