Wéini verëffentlecht de Conseil supérieur des maladies infectieuses eng Recommandatioun zu den Afepouken?

Här President,

 

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

 

 

De 16. Juni huet de Gesondheetsministère matgedeelt, dat et zu Lëtzebuerg en éischte Fall vun Afepouken gëtt. An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Kënnt Dir weider Informatiounen zur Persoun ginn, déi sech mam Virus vun den Afepouken ugestach huet?
    • Wa jo, wou huet sech déi betraffen Persoun ugestach?
  • Konnt e lückenlosen Traçage assuréiert gi?
  • Ass de Règlement grand-ducal d’exécution vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert d’meldeflichteg Krankheeten schonn adaptéiert ginn, esou wéi dat an der Äntwert vum 30. Mee op d’parlamentaresch Fro 6234 ugekënnegt ginn war?
  • Wéini verëffentlecht de Conseil supérieur des maladies infectieuses eng Recommandatioun zu den Afepouken?
  • Huet d’Direktioun vun der Santé, wéi an der Äntwert vum 30. Mee op d’parlamentaresch Fro 6234 ugekënnegt, schonn Impfstoff géint d’Afepouke kaf?
    • Wa jo, wéi vill Dosen sinn disponibel?
  • Huet d’Direktioun vun der Santé, wéi an der Äntwert vum 30. Mee op d’parlamentaresch Fro 6234 ugekënnegt, schonn dat antiviraalt Medikament Tecovirimat kaf?
    • Wa jo, wéi vill Dosen sinn disponibel?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

 

Zréck