Wéini sollen d’Aarbechten un der Buergmauer vum Beeforter Schlass, déi dréngend néideg sinn, ulafen?

Här President,

 

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géif ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturministesch weiderzeleeden.

 

D’Beeforter Schlass ass eng gutt erhale mëttelalterlech Buerg mat Renaissance-Wunngebai a Ställ, Scheieren a Schäpp, déi doduerch eng wichteg touristesch Attraktioun sinn. Den 30. Juli 2021 ass en Deel vun der Baussemauer vum Beeforter Schlass no staarkem Reen agefall. De Kulturministère huet direkt zougesot, dat d’Mauer esou séier wéi méiglech nees opgebaut sollt ginn, no enger Bestands- an Ursaachenanalys.

Haut, bal 1 Joer duerno, ass d’Mauer nach ëmmer net gefléckt.

Den INPA, deemools nach de Service des Sites et Monuments, huet ugangs vum Joer bekannt ginn, dat d’Analysen eng méi komplizéiert Situatioun erginn hunn, déi d’Fléckaarbechten net vereinfachen. Trotzdeem muss ee feststellen, dat den Zoustand vun der Mauer sech net verbessere wäert, wa se weiderhin dem Wieder an dem Reen ausgesat ass. Ausserdeem verdéngt de kulturhistoresche Bijou e besseren Ubléck.

Dofir géif ech gär folgend Fro un d’Madamm Kulturministesch stellen:

  • Wéini sollen d’Aarbechten un der Buergmauer, déi dréngend néideg sinn, ulafen?
  • Wat sinn déi detailléiert Konklusiounen vun den Analysen, déi vum Denkmalschutzamt maache gelooss gi sinn?
  • Wat fir Aarbechte musse genee gemaach ginn, fir d’Mauer ze stabiliséieren an an en normalen Zoustand ze versetzen?
  • Wéini sollen d’Aarbechte fäerdeg sinn?
  • Wéi héich soll de Käschtepunkt vun den Aarbechte sinn?
  • Si provisoresch Aarbechten gemaach ginn, fir dat d’Situatioun sech net nach weider verschlëmmert? Wat ass bis elo schonn gemaach ginn?
  • Ass d’Madamm Minister net der Meenung, datt déi definitiv Instandsetzung vun der Mauer dréngend ass?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck