Wéini soll lo deen definitive Klimaplang bei d´EU-Kommissioun op Bréissel geschéckt ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum Plan National intégré en matière de Climat et d´Énergie (PNEC) un d´Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

An der Landwirtschaftskommissioun den 9. Abrëll huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider erkläert, den PNEC sollt an de kommende Wochen a Méint finaliséiert an dann op Bréissel geschéckt ginn. An der Äntwert op d´Question parlementaire N°1812 hat d´Madamm Ministesch Carole Dieschbourg informéiert, dass „no dem Ofschloss vun der Consultation publique wäerten d’Observatiounen an d’Virschléi consideréiert ginn an déi final Versioun vum integréierten Energie- a Klimaplang dem Regierungsrot fir Approbatioun virgeluecht ginn.“

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Wéini soll lo deen definitive Klimaplang bei d´EU-Kommissioun op Bréissel geschéckt ginn?
  • Den Délai vun der Consultation publique ass den 29. Mäerz 2020 ausgelaf. Wéi eng Bemierkunge sinn heiraus zeréck behale ginn?
  • De 19. Dezember 2019 war een Débat de Consultation zum PNEC an der Chamber. Wat ass heiraus zeréck behale ginn?
  • Gëtt de PNEC, befiert en bei d´EU-Kommissioun op Bréissel geschéckt gëtt, an den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert? Wann jo, wéini? Wann nee, firwat net?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                   Paul Galles

Deputéiert                                                             Deputéierten

Zréck