Wéini soll de Rond-point Gluck ëmgebaut ginn?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

D‘Verkéiersopkommes am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg huet iwwert déi läscht Jore massiv zougeholl. Dofir mussen nei Verkéiersinfrastrukturen a geplangte Projeten an dësem Raum absolut prioritär ëmgesat ginn.

 

Mat de Bauaarbechte ronderëm déi nei Beetebuerger Zuchstreck, dem Ausbau vun der A3, dem Bau vum Tram a Richtung Stade de Luxembourg an der respektiver neier N3, ginn déi richteg Akzenter gesat. Och wann de Module Nord a Central am Laf vun dësem Joer ofgeschloss solle ginn, sou ass de Module Sud, deen de Contournement d’Alzingen ëmfaasst, leider nach net an der Ëmsetzung.

 

An dësem Kontext wéilt ech follgend Froen un d‘Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Kann d’Madamm Ministesch mir soe wéi wäit d’Aarbechten um APD (Avant-Projet Définitif) vum Module Sud an dem Contournement d’Alzingen fortgeschratt sinn?
    • Wéini ass domat ze rechnen datt d’Finanzéierungsgesetz ronderëm dës Strooss an der Chamber ka gestëmmt ginn?

 

Am Raum Houwald/Gaasperech sinn awer nach weider Infrastrukturaarbechten ëmzesetzen.

 

  • Wéini soll de Rond-point Gluck ëmgebaut ginn?
  • Wéini sollen déi zwee Tunnellen tëscht dem Rond-point Gluck an dem Houwald a Betrib geholl ginn?
  • Wéini soll d’Verbindung tëscht dem Houwald an dem neie Gaasperecher Park gebaut ginn?

D’Verbindung tëscht dem Houwald an dem Ban de Gasperich iwwert de Boulevard Raiffeisen ass net optimal.

 

  • Wéi gesäit et mat der Ëmsetzung vum Echangeur de Hesperange aus?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck