Wéini soll d’Consultation publique vum Contournement Alzingen gemaach ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltminister an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Am Laf vun der leschter Woch hunn d’Gemengen de “Projet de plan national de la qualité de l’air” zougeschéckt kritt. Et sinn eng Rëtsch vu Plazen uechter d’Land wou de Grenzwäert iwwerschratt gëtt.

Um Territoire vun der Gemeng Hesper ass dat notamment och an der rue de Gasperich de Fall. Op Initiativ vun der Gemeng Hesper gouf virun enger Rei vu Joren decidéiert fir Analysen um Territoire vun der Gemeng ze maachen, mam Constat datt e puer Plaze periodesch iwwert dem Grenzwäert louchen. D’Gemeng huet selwer eng Rei vu Moossnamen ergraff fir d’Situatioun ze verbesseren. Den Haaptfaktor ass awer dee vum Verkéier deen all Dag iwwert d’Nationalstrooss N3 a verschiddene CR’en a Richtung vun der Stad Lëtzebuerg zirkuléiert.

De Contournement d’Alzingen dee ronderëm d’Gemeng soll féieren ass zanter Joren an der Diskussioun ouni datt bis haut nennenswäert Resultater eraus komm wieren.

Am Rapport vum Ëmweltministère ass awer lo festzestellen datt genau dëse Contournement dofir suerge soll datt d’Grenzwäerter ëm 7 μg/m3 en NO2 am Joer 2023 kennen erofgesat ginn.

An dësem Kontext wollt ech d’Ministere froe wéi dës Reduktioun am Joer 2023 a Bezuch op de Contournement ze verstoen ass:

  • Wéi kann esou eng Berechnung oder Ukënnegung gemaach gi wann mol nach keen definitive Projet vum Bau vun dësem Contournement um Dësch léit?
  • Op Grond vu wat fir enger Berechnung ass definéiert ginn datt eng Reduktioun vu 7 μg/m3 géif zustane kommen?
  • Wéini soll d’Consultation publique vum Contournement gemaach ginn?
  • Et ass jo definitiv net domat ze rechnen datt mam Bau vum Contournement virun 2023 ugefaange gëtt, mat wéi engen  anere Moossname gedenkt d’Regierung de Grenzwäert ënnert 40 ze bréngen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck