Wéini kréie Gemengen eng Circulaire vum Ministère iwwert d’Ëmsetzung vum Gesetz iwwert den abordabelem Wunnraum ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister weider ze leeden.

De 7. August 2023 ass Gesetz iwwert den abordabelem Wunnraum a Kraaft getrueden. D’Gemenge sollen eng zentral Roll spille fir ze hëllefen géint d’Wunnengsnout virzegoen an erschwënglechen Wunnraum ze schafen. Dofir ginn Gemengen och vum Ministère du Logement sollicitéiert fir dëst Gesetz ëmzesetzen.

Gemengen sinn bereet d’Entwécklung vun abordabele Wunnengen z’ënnerstëtzen, leider sinn am Gesetz souvill Onkloerheeten datt et wichteg wier datt d’Gemengen Instruktiounen zur Ëmsetzung an och zu Delaien geife matgedeelt kréien.

Laut mengen Informatioune  sollen et och Problemer beim Logements pour jeunes ginn. Sou géifen Prestataire am Beräich vum Jugendwunnen ënnert der momentaner Gesetzgebung praktesch keng Hëllefe méi beim Bau vun neie Wunnenge vu Säiten vum Logementsministère kréie well hiere Modell fir ze schaffen si géif ausschléissen.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Wunnengsbauminister stellen

  • Wéini kréie Gemengen eng Circulaire vum Ministère iwwert d’Ëmsetzung vum Gesetz iwwert den abordabelem Wunnraum ?
  • Huet den Här Minister Kenntnis vun der Problemer beim Schafe vun Jugendwunnengen a wei gedenkt de Här Minister dogéint virzegoen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies
Deputéierten

Zréck