Wéini gëtt d’Kommunikatioun vum Ministère mat de Recommandatiounen un d’Altersheemer verdeelt a wéi gesi déi Recommandatiounen am Detail aus ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un Madamm Gesondheetsminister weiderzeginn

Laut eisen Informatiounnen huet Madamm Gesondheetsminister gëschter annoncéiert, dass am Laf vum Dag eng Kommunikatioun vum Ministère mat Recommandatiounen un d’Altersheimer géif erausgoen , wéi si ze réagéieren hunn wann Pensionnairen aus der Strukture rausgi fir zb bei den Dokter ze goen an duerno rëm zréck an Struktur kommen. Des Problematik ass och an der parlamentarescher Fro No2225 thematiséiert ginn.

Eises Wëssens no ass gëschter keng esou eng Kommunikatioun un d’Altersheimer erausgaangen.

 

Opgrond vun dësen Ausféierunge wéilte mir folgend Fro un Madamm Minister stellen:

  • Wéini gëtt Kommunikatioun vum Ministère un d’Altersheemer verdeelt a wéi gesi déi Recommandatiounen am Detail aus ?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

                                                                      

 

Martine Hansen                                  Laurent Mosar

Deputéiert

Zréck