Wéini ass d’Testphase vun der Plattform „eSanté“ ofgeschloss a wéini ass mat enger flächendeckender Aféierung vum Dossier de Soins Partagé (DSP) ze rechnen?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 705

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Am Regierungsprogramm vun Dezember 2018 gouf ugekënnegt datt am Beräich vun der Gesondheetspolitik d’Plattform „eSanté“ an och den digitalen „Dossier de soins partagé“ (DSP), dee säit 2015 an enger Testphase ass, géife viru gedriwwe ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wou sinn d’Aarbechten am Beräich vun der Digitaliséierung  am Sënn vun de Patienten drun?
  • Gëtt et no bal 4 Joer en éischte Bilan vum DSP?
  • Wéini ass mat enger flächendeckender Aféierung vum DSP ze rechnen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck