Fir d’Äntwert vum Minister ze liesen, klickt wgl op d’Dokument hei :QP 3578
Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert den EU-Agrarbudget un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeginn.
Opgrond vum bevirstoende Brexit an dem Fait dass Groussbritannien de véiert gréissten Nettozueler am EU-Budget duerstellt, wäerten der EU an Zukunft wuel manner finanziell Mëttel zur Verfügung stoen. Dëse Fait riskéiert och Repercussiounen op EU-Agrarpolitik, respektiv op déi europäesch Subside fir Landwirtschaft ze hunn.
An dësem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen :
Riskéiert den EU-Agrarbudget duerch de Brexit gekierzt ze ginn ?
Wa jo, wei eng Repercussiounen hätt sou eng Kierzung op lëtzebuerger Landwirtschaft ?
Wann den EU-Agrarbudget gekierzt sollt ginn, wei kéint de méigleche Réckgang un europäesche Subside fir Landwirtschaft op nationalem Niveau opgefaange ginn ?
Ass an dësem Kontext eng national Kofinanzéierung vun de Subside fir den éischte Pilier denkbar an och ëmsetzbar ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ali Kaes
Députéierten