Hei fann Dir d’Äntwer:
Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mär Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Uarbechtsminister Georges MISCHO weiderzeleeden.
Am Kader vun enger inklusiver Uarbechtsmuartpolitik hat d‘Adem den 8. Oktober 2024 en « Jobday Handicap & Reclassement professionnel externe » organiséiert, un deem méi wéi 1.500 Participanten a ronn 30 Entreprisen deelgeholl hunn. Zil vun dësem spezielle Jobday ass et, déi betraffe Leit an d’Patrone beieneen ze bréngen, fir datt Persoune mat engem Handicap nees um Uarbechtsmuart kënne Fouss faassen.
Asylbewerber·inne kënnen ënner gewësse Bedingunge schaffen, mee si hunn et besonnesch schwéier fir eng Uarbecht ze fannen. Dat gëllt och fir unerkannte Flüchtlingen. Divers Studie beleeën, datt d’Integratioun vill méi einfach ass, wann déi betraffe Persoune kënnen enger gereegelter Uarbecht nogoen.
An deem Zesummenhang wollte mir follgend Froen un den Här Uarbechtsminister stellen:
- Deelt d’Regierung d‘Feststellung, datt en Uarbechtsverhältnis eng vun de beschte Méiglechkeeten ass fir datt Asylbewerber·innen an unerkannte Flüchtlingen sech kënne gutt an d’Gesellschaft integréieren?
- Wat wëllt d’Regierung maachen fir d’Employabilitéit vun de betraffene Leit ze verbesseren?
- Denkt d’Regierung drun fir e spezielle Jobday fir Asylbewerber·innen a Flüchtlingen oder Migrant·innen z‘organiséieren?
Här President, mär bieden Äech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER Marc SPAUTZ
Deputéiert Deputéierten
Zréck