Wéi wëll Regierung dogéint virgoen, datt et fir de Moment net genuch agreéiert Leit um Terrain ginn, déi archeologesch Sondagen fir Bauprojeten duerchféieren duerfen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un Madamm Kulturminister an un den Här Wunnengsbauminister weider ze leeden.

Mam neien Denkmalschutzgesetz vum 25. Februar 2022 ass de Prinzip vun der preventiver Archeologie agefouert ginn. Duerch dëse Prinzip musse Bauprojeten déi an enger zone d’observation archéologique léien, ënner verschiddene Konditiounen, am Virfeld beim Kulturministère agereecht gi fir dass se enger évaluation archéologique ënnerzu ginn. Duerch des archeologesch Evaluatiouns-Prozedur soll dem Bauhär eng méi grouss Previsibilitéit am Kontext vun den ustoenden Aarbechte gi ginn.

Ee Joer nom Akraftriede vun dësem Gesetz sinn d’Konditioune fir des Dispositioune korrekt ze applizéiere leider nach ëmmer net erfëllt.

Laut eisen Informatioune ginn et fir de Moment net genuch agreéiert Leit um Terrain déi des archeologesch Sondagen duerfen duerchfeieren. Fir den Agrément ze kréie géif et 3 Méint daueren. Déi Tatsaachen droen derzou bäi, dass verschidde Projeten an hirer Ëmsetzung gebremst gi wat an Zäite vu steigende Baukäschten och e finanziellen Impakt op Bauprojeten huet.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Kulturminister an un den Här Wunnengsbauminister stellen:

 

  • Ass sech Regierung der uewegenannter Problematik bewosst?
  • Wei well Regierung dogéint virgoen?
  • Ass Regierung bereet den Agrément fir archeologesch Evaluatioune kennen ze maachen ze vereinfachen an ze beschleunegen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies                                Martine Hansen

Deputéiert

Zréck