Wéi wëll d’Regierung verhënneren, dass Adapto-Benotzer ouni Service do stinn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Den Adapto Service ass essenziell fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit duerch eng Behënnerung. Leit, déi op dëse Service zeréck gräife, mussen eng Kaart ufroen an dofir ee Certificat vum Dokter virweise kënnen. Dës Kaart huet eng begrenzte Gëltegkeetsdauer a muss erneiert ginn, wann se ofleeft, mat enger neier Demande an engem neie Certificat. Et ass mir zougedroe ginn, dass Leit, déi esou eng Kaart hunn, net ëmmer matkréien, dass hir Kaart ofleeft, an domat Wochelaang net kennen op de Service zeréck gräife, bis si déi néideg Demarche gemaach hunn an hir nei Demande traitéiert gouf. Fir de Betraffenen entgéint ze kommen an esou eng Aschränkung op hir Mobilitéit ze verhënneren, kann een sech d’Fro stellen, op d’Detenteure vun enger Adapto Kaart net kéinten am Virfeld kontaktéiert gi fir se dorop opmierksam ze maachen, dass hir Kaart ofleeft. Oder op een net eventuell kéint d’Demande als temporär Erlabnis ugesinn, esou laang ewéi dës amgaang ass, traitéiert ze ginn.

Zu dësem Thema wéilt ech der Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte follgend Froe stellen:

–          Sinn der d’Madame Ministesch dës Problemer bekannt?

–          Gedenkt d’Madame Ministesch e System anzeféieren, fir d’Detenteure vun enger Adapto Kaart drop opmierksam ze maachen, dass hir Kaart ofleeft?

–          Gedenkt d’Madame Ministesch eng temporär Autorisatioun anzeféieren, esou laang wéi déi Betraffen op d’Erneierung vun hirer Kaart waarden?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck