Wéi wëll d’Regierung dem Risiko vun Deepfakes entgéintwierken an de gesetzleche Kader un déi nei Geforen upassen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Jusitzministesch weiderzeleeden.

D’Entwécklung vun technesch fortgeschrattene Methoden am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz féiert zu neie juristeschen Erausfuerderungen, besonnesch am Zesummenhang mat sougenannte „Deepfakes“. Dës manipuléiert Video- oder Audiocontenuen, déi authentesch Material noamen, kënnen domat potenziell Persoune schiedegen.

Dës Technologie kann net nëmmen de Ruff oder d’Privatsphär vun enger Persoun verletzen, mee och fir Bedruch oder Identitéitsmëssbrauch genotzt ginn. Och wann et am lëtzebuergesche Strofrecht a Zivilrecht Dispositiounen zur Diffamatioun, zum Droit à l’image an op d’Privatliewe gëtt, stellt sech d’Fro, ob dës aktuell gesetzlech Grondlagen ausreechend sinn, fir Deepfake-Phänomener wierksam ze encadréieren a géint Mëssbrauch virzegoen.

 

An deem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

  • Sinn der Regierung Fäll bekannt, an deenen Deepfake-Contenuen zu Lëtzebuerg scho géint eenzel Persoune benotzt goufen? Falls jo, wéi goufen dës Fäll juristesch behandelt, a gouf et Strofe respektiv zivilrechtlech Konsequenzen?
  • Ass de Ministère der Meenung, dass déi aktuell gesetzlech Dispositiounen duergi fir d’Risike vun Deepfakes an de Grëff ze kréien? Oder ass eng Reform vum gesetzleche Kader ugeduecht ?
  • Wéi gi Police- a Justizpersonal zu Lëtzebuerg sensibiliséiert an ausgebilt, fir mat Fäll vun Deepfakes ëmzegoen? Ginn et intern Richtlinnen oder technesch Tools, déi d’Erkennung an d’Beweissécherung vun esou Fäll verbesseren?
  • Gesäit de Ministère eng Noutwendegkeet fir d’Bierger besser iwwert d’Existenz an d’Risike vu manipuléierte Contenuen z’informéieren, an z. B. eng national Sensibiliséierungscampagne an d’Weeër ze leeden?

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Kemp

Députéiert

                                         

Zréck