Wei well den Här Minister Waasserproblematik am Beräich Geméis- an Uebstbau ugoen?

 

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeleeden.

Lëtzebuerg baut bis elo nëmmen ee Brochdeel vum Geméis an Uebst un wat consomméiert gëtt, obwuel den Eenzelhandel a Grousskichen ëmmer méi regional produzéiert Uebst a Geméis froen an och ëmmer méi Leit bereet si regional a saisonal anzekafen. Beim Uebst läit de Eegeversuergung bei 1-2%, beim Geméis tëschent 3-5%. Deemno gëtt et hei am Land en massive Produktiounsdefizit a mir si gezwongen de Gros vun dëse Liewensmëttel ze importéieren.

An de vergaangene Joren huet Politik eng sëlleg Ureizer an Ënnerstëtzungsmoossname geschaaf fir d’Offer un Uebst a Geméis eropzeschrauwen. An awer bléiwe grouss Erausfuerderunge wei zum Beispill de Waasserverbrauch an och um Niveau vun den Autorisatiounen. Sou scheie vill Baueren de Schratt an des Filièren duerch zb eng ganz restriktiv Haltung vum Ëmweltministère am Bezuch op Geneemegunge fir Knëppelstengschutznetzer, Iwwerdaachunge fir Kiischteplantagen, Folienhaiser oder Gewächshaiser. Des Infrastrukture sinn awer am Geméis- an Uebstubau unabdengbar an am Ausland och selbstverständlech.

Wëssend, dass bei der Eegeversuergung nach ganz vill Sputt no uewen ass, géif ech gäre folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen

  • Wei well den Här Minister Waasserproblematik am Beräich Geméis- an Uebstbau ugoen?
  • Wei well den Här Minister Problematik vun den uewegenannte Geneemegungsprozeduren ugoen?
  • Wat sinn Zukunftsperspektive fir d’Uebst a Geméisbaueren?

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck