Wei wäit sinn Planungen vum PC24 tëschent Kruuchten a Miedernach? Ass schonn een definitiven Tracé tëschent Kruuchten a Schrondweiler respektiv Schrondweiler an Miedernach festgehale ginn a wéini kéint mat den Aarbechten ugefaangen ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Vëlospist PC24 tëschent Kruuchten-Gare a Miedernach un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeginn.

Zënter Joren setzen sech Gemengevertrieder aus der Gemeng Noumer an der Ärenzdallgemeng fir de Bau vun enger Vëlospist an, déi Kruuchten iwwer Schrondweiler mat Miedernach soll verbannen.

Konkret handelt et sech em Vëlospist PC24 de « Feelser Jangeli » esou wei se am Gesetz vum 20. Dezember 2019 iwwert de nationale Vëlos-Reseau definéiert ginn ass. Des Vëlospiste soll Kruuchten-Gare mat Miedernach verbannen an ausserdeem den Accès op Vëlospisten PC15 – Piste cyclable de l’Alzette an PC5 – Piste cyclable de l’Ernz Blanche sécherstellen.

De Bau vun der Vëlospist PC24 géif e Plus u Liewensqualitéit fir Bierger aus den 2 Gemengen duerstellen, och a Punkto Sécherheet well Vëlosfuerer net méi um geféierlechen CR115 respektiv der RN 14 tëschent Kruuchten a Miedernach missten zirkuléieren. Ausserdeem géif een direkten Accès aus der Ärenzdallgemeng iwwer Schrondweiler op déi Kruuchtener Gare geschaafe ginn. Duerch deen direkten Accès op déi Kruuchtener Gare stellt den PC24 och eng Opportunitéit fir den Tourismus a virun allem de Cyclotourimus duer well se eng direkt schinnegebonnen Verbindung an déi touristesch Regioun vum Mëllerdall respektiv dem Natur- & Geopark Mëllerdall géif erméiglechen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten riichten

  • Gett et eng Prioriséierung beim Bau vun néie Vëlospisten?
  • Wa jo, gëtt PC24 als prioritär ugesinn?
  • Wa jo, wei wäit sinn Planungen vum PC24 tëschent Kruuchten a Miedernach? Ass schonn een definitiven Tracé tëschent Kruuchten a Schrondweiler respektiv Schrondweiler an Miedernach festgehale ginn a wéini kéint mat den Aarbechten ugefaangen ginn?
  • Wann neen, firwat gëtt de PC24 net als prioritär ugesinn a wat sinn Grënn, dass net un dëser Vëlospiste geplangt gëtt?

Laut eisen Informatioun ass d’ëffentlech Hand Proprietär vun Terrain’en déi de Bau vum Tracé tëschent Schrondweiler an Miedernach géif erméiglechen, um Tracé Kruuchten-Schrondweiler wieren nach Proprietéitsverhältnisser ze klären.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten riichten

  • Kann den Här Minister des Informatioun confirméieren?
  • Wa jo, gëtt ugeduecht dat Deelstéck wou d’ëffentlech Hand Proprietär vun den Terrain’en ass kuerzfristeg ze realiséieren ?
  • Wa neen, firwat net?

Här President, mir bieden Iech eise déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies                                                                     Serge Wilmes

Deputéiert

Zréck