Wéi wäit ass d’Nationalarchiv mat der Inventariséierung vum transferéierte Material an wéini kann en ongeféier domadder rechnen, dass dëst Material erëm brauchbar fir d’Geschichtsfuerschung ass?

Här President,

 

Esou wei et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an un d’Madame Kulturministesch weiderzeleeden.

 

Mam Gesetz vum 20. Juli 2002 gouf d’Schafe vun engem Centre de Documentation et de Recherche pour la Résistance beschloss, deen als Aufgabe hat, sämtlech historesch Dokumenter zu der Lëtzebuerger Resistenz zur Zäit vun der Occupatioun ze sammelen a fir d’Fuerschung brauchbar ze maachen. 14 Joer méi spéit, gouf dunn awer d’Opléisung vun dëse Centres de Documentation beschloss an dass sämtlech historesch Dokumenter an d’Nationalarchiv transferéiert solle ginn. Obwuel, d’Dokumenter an d’Nationalarchiv iwwergaange sinn, sinn se bal 6 Joer dono nach ëmmer net inventariséiert an deemno fir d’Geschichtsfuerschung onbrauchbar.

 

Des Weideren, war en Deel vun der Dokumentatioun virum Transfert an d’Nationalarchiv, op der Gare de Hollerich konservéiert, wou nieft dem Mémorial de la Déportation och nach en Musée iwwert den Enrôlement de force an d‘Déportation war. Zenter enger Zäit ass dëse Musée, deen och iwwert eng Bibliothéik vun ronn 3000 verfüügt, nëmmen nach op Rendez-Vous zougänglech  wat mat sech bréngt, dass d’Zuel vun de Visiteure staark erofgaangen ass.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Staatsminister an un d’Madame Kulturministesch stellen:

 

  • Wéi wäit ass d’Nationalarchiv mat der Inventariséierung vum transferéierte Material an wéini kann en ongeféier domadder rechnen, dass dëst Material erëm brauchbar fir d’Geschichtsfuerschung ass?

 

  • Firwat ass de Musée vun der Déportatioun nëmmen nach ob Rendez-Vous zougänglech?

 

  • Gedenkt Dir de Musée de la Déportation erëm no regulären Zäite fir de Public opzemaachen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck