Wéi wäerten d’Schnelltester agesat ginn fir no an no weider Ouverturen ze erméiglechen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Den 1. Abrëll huet de Premierminister d’Chamber opgefuerdert eng CSV-Motioun zu enger Strategie vun de Schnelltester als Deel vun der Sortie aus de Covid-Restriktiounen net unzehuele well se superfétatoire wier „…well mir scho méi wäit si wéi d’Oppositioun dat freet.“

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi gesäit déi national Strategie an dat konkret Konzept fir Schnelltester zu Lëtzebuerg anzesetzen aus?
  2. Wéi ginn elo schonn doduerch déi bestoend Ouverturë méi sécher gemaach a wéi wäerten d’Schnelltester weider agesat gi fir no an no weider Ouverturen ze erméiglechen, notamment am Horeca Beräich?
  3. Ass e Bilan gemaach gi vun de Schnelltester an de sanitäre Konzepter am Sport- a Kulturberäich?
  4. Wéi eng Konklusioune sinn aus dësem Bilan ze zéie fir de Sport- a Kulturberäich am allgemengen? Wéi een Asaz vu Schnelltester ass an dëse Beräicher virgesinn?
  5. Wéi gesäit déi allgemeng Strategie vu Schnelltester  am soziale Liewen am allgemengen aus?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck