Wéi wäert d’Regierung déi widderhuelend Defekter un der Start- a Landepist vum Findel léise fir d’Sécherheet vum Flughafen zukünfteg ze garantéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Verdeedegungsministesch weiderzeleeden.

Lux-airport, d’Bedreiwergesellschaft vun eisem nationale Flughafen huet den 30. Juni an engem Communiqué op den Defekt vun der Start- a Landepist vum 13. Juni reagéiert, deen dozou gefouert hat, datt d’Piste zäitweis huet missen zougemaach ginn. Lux-airport huet och drop higewisen, dass dat net deen eenzegen Tëschefall wéinst engem Defekt un der Piste war, säitdeem se erneiert gouf. De Bedreiwer vum Findel äussert seriö Bedenken, op d’Erneierung vun der Piste richteg duerchgefouert gouf a stellt déi laangfristeg Resilienz a Performance vun der Piste a Fro.

Zu dësem Thema wéilte mir der Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Verdeedegungsministesch follgend Froe stellen:

  • Wéini gouf d’Madame Ministesch vun de Bedenke vu Lux-airport a Kenntnis gesat?
  • Wat ass d’Ursaach vun deem schlechten Zoustand vun der Piste?
  • Wéi eng Auswierkungen huet eng Piste a schlechtem Zoustand fir den héije Volumen u Flugverkéier, besonnesch an der Summervakanz?
  • Wéi eng Auswierkungen huet eng Piste a schlechtem Zoustand fir de Status vum Findel als NATO-Flughafen?
  • Ginn et Noutfallpläng, falls d’Piste nees misst stënterlech zou gemaach ginn?
  • Ginn et Pläng, d’Piste nees ze erneieren?
  • Falls jo, ginn et Pläng, d’Piste komplett zou ze maachen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert                                          Emile Eicher

Deputéiert                                                   Deputéierten

Zréck