Wéi vill Wëllschwäin missten laut dem Ofschossplang pro Joer op dem Lous am Haff Réimech geschoss ginn a wéi vill sinn der effektiv geschoss ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

 

Am Naturschutzgebitt Réimecher Haff gëtt et e Juegdlous, dat vun der Natur- a Forstverwaltung (ANF) als Pilotprojet bedriwwe gëtt. Eisen Informatiounen no, ass de Wëldbestand op dem Areal héich, sou dat et zu groussem Wëldschued kënnt. Et sollen och alternativ Juegdmethoden op dem Lous ausprobéiert ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen.

 

  • Wéi vill Wëllschwäin missten laut dem Ofschossplang pro Joer op dem Lous am Haff Réimech geschoss ginn a wéi vill sinn der effektiv geschoss ginn?
  • Wat sinn d’Konsequenzen, wann den Ofschossplang net agehalen ginn ass?
  • Wéi héich war de Wëldschued am leschte Joer a wien kënnt dofir op?
  • Stëmmt et, dat op dem Juegdlous am Réimecher Haff d’Wëld gefiddert gëtt, fir et a Gatteren oder a Falen ze lackelen, wou et dann soll geschoss ginn?
    • Wa jo, wat sinn d’Virdeeler vun dëser Juegdmethod?
    • Féiert dës Method net zu onnéidegem Stress fir d’Wëld?
    • Huet den Ëmweltministère eng Autorisatioun ginn fir ze fidderen, vu dat dat laut Artikel 11 vum Gesetz vum 25. Mee 2011 verbueden ass?
  • Existéiert e Monitoring zum Pilotprojet am Haff Réimech?
    • Wa jo, wat sinn d’Resultater?
    • Ass geplangt, dat de Pilotprojet am Haff Réimech op aneren Plazen am Land weidergefouert gëtt?
  • Kënn Dir confirméieren, datt ugefroten Juegten an der Regioun an de leschte Joren net autoriséiert goufen, dorënner och eng „chasse administrative“?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck