Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Am Joer 2018 ass am Kontext vun de Strukture fir Schüler mat spezifesche Besoinen och en Zenter fir héichbegaabte Kanner a Jugendlech (Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel – CEJHP) geschafe ginn. Dësen Zenter ass doriwwer eraus och Ulafstell fir Elteren an Educatiounspersonal.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:
- Wéi vill Schüler hunn zënter 2018 op d’Servicer vum CEJHP zréckgegraff?
- Wéi vill dovu kommen aus dem Enseignement fondamental?
- Wéi vill dovu kommen aus dem Enseignement secondaire?
- Wéi ass d’Verhältnis vun de Schüler mat enger „Prise en charge ambulatoire“ par Rapport zu deene mat enger „Scolarisation spécialisée“?
- Ganz allgemeng, huet den Här Minister e Bilan iwwer déi 5 éischt Jore vum CEJHP zéie gelooss?
- Wa jo, wat sinn d’Conclusiounen dovun a wou sinn déi publizéiert?
- Wann net, firwat net?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Co-Fraktionspresidentin
Zréck