Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.
An der Europäescher Unioun ass säit dem 19. Januar 2013 en harmoniséierte Führerschäin am Karteformat virgesinn. All al “rosa Pabeier” Permisë solle spéitstens bis den 19. Januar 2033 ersat ginn. Zu Lëtzebuerg ass de Karteformat zanter Jore Standard, mee vill Bierger hunn nach e Pabeier-Permis, dorënner och Residente mat am Ausland ausgestallte Permisë.
Fir d’Rechtssécherheet, eng fair an accessibel Ëmstellung an d’Planung vun de Capacitéiten (virun allem bei der SNCA) sinn transparent Informatiounen zu Valabilitéit, Prozeduren, Delaien, Fraisen an der geplangter Kommunikatioun wichteg. Dëst déngt der Verkéierssécherheet an der Benotzerfrëndlechkeet a schützt och vulnerabel Gruppen, déi net ëmmer en einfachen Zougang zu digitale Servicer hunn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
- Kann d’Regierung confirméieren, datt al Führerschäiner am “rosa Pabeier” zu Lëtzebuerg bis spéitstens den 19. Januar 2033 gülteg bleiwen am Aklang mam EU-Kader?
- Huet d’Madamm Ministesch Kenntnis doriwwer wéi vill rosa Permisë momentan nach am Emlaaf sinn?
- Ass e gestaffelte Wiessel geplangt (z. B. no Joergäng oder beim éischte Rendez-vous)? Wéi gesäit de provisoresche Kalenner aus?
- Ass eng national Campagne virgesi mat enger kloer definéierter Timeline?
- Ass eng digital Versioun vum Führerschäin a Perspektiv?
Här President, ech bieden Iech, main déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Kemp
Députéiert
Zréck