Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet iwwer d’Zouverlässegkeet vun de COVID-19 Tester weider ze leeden.
- Ginn et nei Informatiounen zur Zouverlässegkeet vun de COVID-19 Tester déi hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn?
- Wéi vill Prozent vun den Testresultater si feelerhaft?
- Ginn am Zweiwelsfall Testresultater duerch weider Tester iwwerpréift?
- Ginn et Ënnerscheeder tëscht de Large Scale Tester an den Tester déi een op Ordonnance vum Dokter ka kréien?
- Gëtt et eng uniformiséiert Prozedur jee nodeems a wéi engem Laboratoire se ausgewäert ginn?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert
Zréck