Wéi vill Prozent vun de Schoulstonnen am Enseignement secondaire „classique“ a „général“, an der Beruffsausbildung, am Enseignement spécialisé an an der Erwuessenebildung ginn aktuell vu Chargéë gehalen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht weiderzeleeden.

D’Pandemie huet de Personalmangel an der Educatioun nach méi akut an dofir méi siichtbar gemaach, mee och scho virdru war de Schoulbetrib ouni Chargéë mat Joreskontrakt oder „Contrat à durée indéterminée“ ondenkbar.

Am dësem Kontext wéilt ech folgend Froe mat Fokus op de postprimären Unterrecht un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht stellen :

  • Wéi vill Prozent vun de Schoulstonnen am Enseignement secondaire „classique“ a „général“, an der Beruffsausbildung, am Enseignement spécialisé an an der Erwuessenebildung ginn aktuell vu Chargéë gehalen ?
  • Wéi vill Chargéë kommen aktuell a Fro, fir fonctionariséiert ze ginn ?
  • Wat sinn d’Modalitéite vun der Fonctionarisatioun vu Chargéën?
  • Wéi vill hunn der hir Fonctionarisatioun ugefrot?
  • Wéi vill sinn der scho fonctionariséiert ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck