Wéi vill Prozent vun all de SAMU Asätz ass de SAMU Lëtzebuerg 2 zanterhier gefuer?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum SAMU Lëtzebuerg 2 un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

De SAMU Lëtzebuerg 2 ass den 1. Juli 2019 agefouert gi fir eng verbessert a méi schnell medezinesch Noutfallversuergung am Land z’assuréieren. Wärend zwee Joer war dësen neie SAMU am CIS Hesper stationéiert an huet seng “Feierdaf” wärend dëser Zäit definitiv bestanen andeems dass dëse SAMU déi bescht Ufahrtszäite vun alle SAMU‘en hat . E konnt, bedéngt duerch seng geographesch Lag, schnell op seng Asazplaz esouwuel an der Stad am Osten, Süden a Weste vum Land fueren.

Zanter September 2021 ass de SAMU Lëtzebuerg 2 am neie CNIS beim Rond-Point Gluck stationéiert. A Bezuch op den neie Stationement an a Bezuch op de Fonctionnement vum SAMU Lëtzebuerg 2 wollt ech folgend Froe stellen.

  • Wéi vill Prozent vun all de SAMU Asätz ass de SAMU Lëtzebuerg 2 zanterhier gefuer?
  • Wat ass déi duerchschnëttlech Ufahrtszäit op d’Asazplaz zanter September vu leschtem Joer?
  • Wat ass de Prozentsätz vun den Asätz, déi de SAMU Lëtzebuerg 2 an der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Hesper, dem Osten, Süden a Westen vum Land gefuer ass?
  • Wéivill Asätz (SO) sinn bis haut enregistréiert ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies

Zréck