Wéi vill Prozent vum Äerdgasbedarf vun ArcelorMittal soll zu Rodange duerch de Biogas an enger éischter Phas ersat ginn? Wat fir eng Zort vu Biomass soll an der Biogasanlag verbrannt ginn? Soll och Mais benotzt ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu enger Biogasanlag am Walzwierk vun ArcelorMittal zu Rodange un den Här Energieminister weider ze leeden.

Wéi ee rezent aus de Medie konnt liesen, huet ArcelorMittal mat Vow eng Ofsichtserklärung ënnerschriwwe fir eng Biogasanlag am Walzwierk zu Rodange ze installéieren, déi dann am industrielle Moossstab Äerdgas soll ersetzen. Dëst soll een éischte Schrëtt hin zu der Produktioun vu „gréngem“ Stol duerstellen. Fir d’Biogasanlag ze bedreiwen, gëtt dat sougenannte Biomass-Pyrolyse Verfare benotzt, wou un sech all Zort vun Holzproduit, mee awer och Feldfriichten oder Iwwerreschter dovunner zum Asaz kënne kommen. Bei dësem Prozess gëtt engersäits Biogas produzéiert, anerersäits bleift awer och Kuel als Nieweprodukt iwwreg.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill Prozent vum Äerdgasbedarf vun ArcelorMittal soll zu Rodange duerch de Biogas an enger éischter Phas ersat ginn? Wéi gesäit den Zäitplang an di successiv Steigerung vun der Biogasproduktioun fir d’Walzwierk aus?
  2. Wat fir eng Zort vu Biomass (z.B. Holz, Mais, Stréi) soll an der Biogasanlag verbrannt ginn? Soll och Mais benotzt ginn? Schléisst d’Pyrolyse aus, dass Gülle oder aner Iessensreschter, wéi z.B. Offäll aus Kantinnen oder Restaurante, benotzt ginn?
  3. Wou sollen di néideg Quantitéite vun dëser Biomass hierkommen?
  4. Ginn et och Pläng fir d’Kuel weider ze benotzen an doduerch den Asaz vu Kuel fossillen Ursprongs ze ersetzen?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                      Octavie Modert

Deputéierten                                                                           Deputéierten

Zréck