Här President,
Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.
Am Juli 2021 huet d’Regierung e Pilot-Projet fir eng multi-disziplinär Behandlung vu Long-Covid-Patiente presentéiert. Zanterhier ginn déi betraffe Patienten am CHL, an der Rehaklinik du Centre hospitalier neuro-psychiatrique (CHNP), am Rehazenter an am Domaine thermal Mondorf behandelt. Mengen Informatiounen no krute verschidde Patienten, déi un dem Programm deelhuelen, trotzdeem e Refus vum Kontrolldokter vun der CNS. An dem Zesummenhang wollt ech folgend Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:
- Wéi vill Patiente si bis ewell am Kader vum Long-Covid-Programm behandelt ginn?
- Wéi vill Patiente kruten e Refus vum Kontrolldokter, obwuel e Spezialist virdru Long-Covid diagnostizéiert hat a si am Kader vum Long-Covid-Programm behandelt goufen?
- Firwat gëtt bei Patienten, déi am Kader vum Long-Covid-Programm behandelt ginn, d‘Diagnos vum Spezialist net d’office vun der CNS unerkannt?
- Wéi vill huet de Projet Long-Covid bis ewell kascht?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Max Hengel,
Deputéierten
Zréck