Wéi vill Offert’en fir d’Installatioun vun Agri-Photovoltaik-Anlagen opzeriichten si bis elo beim Energieminister ukomm?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weider ze leeden.

Zanter dem Oktober 2022 huet de Minister fir Energie eng Pilotauschreiwung lancéiert fir d’Installatioun vun Agri-Photovoltaik-Anlagen opzeriichten. Dës Anlage solle souwuel Stroum aus erneierbar Energië produzéieren a gläichzäiteg eng landwirtschaftlech Produktioun garantéieren. D’Ausschreiwung leeft nach bis den 1. August 2023.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Minister stellen:

    • Wéi vill Offert’en si bis elo beim Energieminister ukomm?
    • Wéi vill MW elektresche Stroum soll am Duerchschnëtt bei dësen Offert’en (di bis elo agereecht goufen) produzéiert ginn?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

Paul Galles

Deputéierten

 

Zréck