Wéi vill Meldungen zu Mënschenhandel am Kontext vum Ukrain-Krich leien dem Parquet hei zu Lëtzebuerg vir?

Här President,

 

 

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

 

Wéi d’Generalsekretärin vun der OSZE, Helga Schmid, der „Welt“ den 9. Januar matgedeelt huet, ass am Kontext vum Ukrain-Krich de Mënschenhandel massiv an d’Luucht gaangen. Zënter dem 24. Februar 2022 ass d’Online-Recherche no sexuellen Déngschtleeschtungen a pornographeschem Material vun ukrainesche Fraen a Kanner em ganzer 600% geklommen. Dës considerabel Hausse weist sech och um Niveau vum Handel mat schwangere Fraen. Oftmools stécht organiséiert Kriminalitéit hannert dem Ausnotze vun der Noutsituatioun vun de Leit aus der Ukrain an d’Affer ginn online mat falsche Verspriechen ugezunn oder direkt un de Grenze vum jeeweilegen Destinatiounsland vu Mënschenhändler ofgefaangen.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Justizministesch an un den Här Ausseminister stellen:

 

  • Wat ënnerhëlt d’Lëtzebuerger Regierung op europäeschem Plang, fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken?
  • Wéi vill Meldungen zu Mënschenhandel am Kontext vum Ukrain-Krich leien dem Parquet hei zu Lëtzebuerg vir?

D’OSZE an Thomson Reuters hunn an deem Kontext d‘ “Be-safe“-Campagne lancéiert, fir concernéierte Persounen Ulafstellen opzeweise bei deenen si sech informéiere kënnen, oder am konkrete Fall Ënnerstëtzung kréien.

 

  • Gëtt et esou eng Ulafstell zu Lëtzebuerg?
  • Wa jo, firwat ass dës net an der “Be-safe”-Campagne opgelëscht?
  • Wa jo, wéi vill Affer hunn sech do scho gemellt?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck