Wéi vill Lëtzebuerger si vun den Onrouen am Peru betraff a kënnen d’Land dofir net verloossen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

Am Peru koum et no der Ofsetzung vum Präsident Pedro Castillo zu deels schwéieren Onrouen. Och touristesch Attraktioune wéi beispillsweis Machu Picchu an d’Stad Cusco sinn net vun de Protester verschount bliwwen. Eisen Informatiounen no sinn och Lëtzebuerger, respektiv Residente vun den Onroue betraff a kënnen d’Regioun net verloossen. An deem Kontext wollt ech folgend Drénglechkeetsfro un den Här Ausseminister stellen:

  • Wéi vill Lëtzebuerger, respektiv Residente si vun den Onrouen am Peru betraff a kënnen d’Land dofir net verloossen?
  • Wat mécht den Ausseministère fir fir hier Sécherheet ze suergen?
  • Konnten all Lëtzebuerger respektiv Residenten, déi sech am Peru ophalen, mëttlerweil kontaktéiert ginn?
  • Wat mécht den Ausseministère fir déi betraffe Leit nees op Lëtzebuerg ze bréngen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck