Wéi vill Leit hunn sech zanter dem Ufank vun der neier Campagne den 19. Abrëll am Impfbus impfen gelooss?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no koum et de 16. Juli beim Passage vum Impfbus zu Miersch zu Enkpäss beim Vaccin. Um 15 Auer war keen Impfstoff méi do. Vill Leit, dorënner och vill eeler Persounen, déi deels laang hu misse waarden, konnten dowéinst net geimpft ginn, an dat obwuel d’Regierung zanter Méint den dréngenden Appell un Bevëlkerung riicht, fir se impfen ze loossen. An deem Kontext wollten mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Firwat waren den 16. Juli zu Miersch net genuch Impfdosen am Bus?
  • War Miersch en Eenzelfall oder gouf et och schonn bei aner Rendezvousen vum Impfbus net genuch Impfdosen?
    • Wa jo, wat wëll d’Regierung maachen, fir dat bei den nächsten Rendezvousen vum Impfbus genuch Vaccin prett ass, sou dat all Persoun, déi sech wëll impfe loossen, och geimpft ka ginn?
  • Wéi vill Leit hunn sech zanter dem Ufank vun der neier Campagne den 19. Abrëll am Impfbus impfen gelooss?

 

  • Wéi vill Leit hunn sech zanter dem 19. Abrëll insgesamt impfen gelooss, respektiv wéi héich ass den Undeel vun de Persounen, déi am Impfbus geimpft goufen?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Claude Wiseler                Martine Hansen

Deputéierten         Deputéiert

Zréck