Wéi vill Leit ginn am Bausecteur an och an de Fleegeheimer getest ? Kommen och nach aner Secteure dobäi ? Wéi beaflossen déi Testresultater d’Decisiounen an der Exit-Strategie ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

D’lescht Woch huet d’Madamm Minister an der Chamber ugekënnegt datt an deene Secteuren déi rëm dierfen hir Aktivitéiten ophuelen, sougenannt Cluster-Tester op COVID-19 Infektioune gemaach ginn, fir ze gesi wéi den Taux d’infections do ass.

Des weidere gouf e Sonndeg annoncéiert datt an alle Fleegeheimer am Land sollen d’Bewunner an d’Personal getest ginn. Dës Aussoe ware mëssverständlech well schlussendlech dës Woch réischt mat engem Screening ugefaange gouf, fir ze kucke wéi vill Zäit wäert gebraucht gi fir déi ganz Tester duerchzeféieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Wéi vill Tester (och de Pourcentage zu de Gesamtbeschäftegten) goufen am Bausecteur, dee jo dës Woch seng Aktivitéite rëm opgeholl huet, duerchgefouert? Wat sinn d’Recommandatioune vun den Experten zum Pourcentage vu Leit déi musse getest ginn? Wéi vill Tester ware positiv?
  1. Goufen esou Cluster-Tester och nach an anere Secteure gemaach? Wa jo, a wat fir engen?
  2. Kann en Employé refuséieren sech testen ze loossen?
  3. Ass de Screening an de Fleegeheimer ugelaf? Wa jo, ginn et éischt Resultater? Wéini gëtt ugefaange systematesch all Bewunner an all Mataarbechter ze testen?
  1. Ass och geplangt am Mee an de Schoulen, bei de Schüler an dem Léier- a Betreiungspersonal esou Cluster-Tester ze maachen? Wa jo, wéi ee Prozentsaz vun de Schüler resp. dem Personal soll getest ginn? Wéi sollen déi Tester oflafen? Wéi oft soll getest ginn?
  2. Wéi genau beaflossen déi Testresultater d’Decisiounen an der Exit-Strategie ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                   Marc Spautz

Deputéiert                                             Deputéierten

Zréck