Wéi vill Kanner mat spezifesche Besoinen sinn an de leschte 5 Joer an de reguläre Klassen an der Grondschoul en charge geholl ginn?

 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Kanner mat spezifesche schoulesche Besoinen hunn d’Recht op eng speziell Betreiung an der Schoul. D’Zuel vun de Kanner, déi dës Offer an Usproch huelen, klëmmt zanter Joren. An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Wéi vill Kanner mat spezifesche Besoinen sinn an de leschte 5 Joer an de reguläre Klassen an der Grondschoul en charge geholl ginn?
  • Wéi vill Kanner mat spezifesche Besoinen sinn an de leschte 5 Joer an de reguläre Klassen am Secondaire en charge geholl ginn?
  • Wéi vill Kanner mat spezifesche Besoinen sinn an de leschte 5 Joer an engem vun de Kompetenzzentren en charge geholl ginn?
  • Wat sinn d’Haaptursaachen, déi eng spezifesch schoulesch Betreiung an der Grondschoul respektiv am Secondaire noutwendeg maachen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz                   Max Hengel

Deputéierten             Deputéierten

Zréck