Wéi vill Kanner am Alter vun 0-4 Joer sinn den Ament a staatlechen oder privaten Institutioune placéiert a wat sinn déi heefegst Grënn?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fannt der hei :

Réponse1580placementnourrissons

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Aus dem Joresrapport vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher geet ervir, dass den OKAJU sech selwer saiséiert huet fir eng Analyse iwwert de Placement vu klénge Kanner am Alter vun 0-4 Joer ze maachen.

Am Kader vu besoter Analyse huet den OKAJU verschidden Acteure vum Terrain kontaktéiert, wéi zum Beispill Personal déi den Accueil an Encadrement vun de Kanner garantéiere mais awer och d’Representantë vun der DG AEF vum Educatiounsministère.

Sou ass den OKAJU zum virleefege Resultat komm, dass de Placement vu klénge Kanner net optimal ass fir op de Gesondheets a Gefillszoustand vun de Kanner anzegoen. Sou kënnt den OKAJU virleefeg zum Entschloss, dass de Placement vu klénge Kanner géint d’Rechter vun der Gesondheet an Entwécklung geet an domat déi vulnerabelst Schicht vun der Gesellschaft a Gefor ass[1].

An deem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Justizministesch an un den Här Educatiounsminister stellen:

  1. Wéi vill Kanner am Alter vun 0-4 Joer sinn den Ament a staatlechen oder privaten Institutioune placéiert a wat sinn déi heefegst Grënn?
  2. Wéi eng Hëllefsmoossname ginn et aktuell fir Famillen ze stäerken a fir eventuell Placementer ze verhënneren fir dass d’Bindung stabiliséiert ka ginn?
  3. Wéi eng weider Hëllefsmoossnamen an nei Konzepter envisagéiert de MENJE auszebauen?

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Ricardo Marques

Députéierten

                                                

Zréck