Wéi vill Jugendlecher am Lycées-Alter gi reegelméisseg an den CTSA?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Matt der Aféierung vun de Kompetenzzentren ass och en Zentrum fir autistesch Kanner a Jugendlecher geschafe ginn: de „Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme“ (CTSA) mat am Ganzen 11 Sitten uechter d‘Land. Mengen Informatiounen no ginn aktuell awer all d’Schüler am Lycées-Alter an de Strukturen an der Stad respektiv zu Leideleng zesummegefaasst. Fir vill Jugendlech aus dem Norde vum Land bedeit dat, datt si bis zu dräi, alt véier Stonnen den Dag am Bus musse sëtzen, wat bei eenzelne Jugendlechen zu weidere gesondheetleche Problemer féiere kann.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi vill Jugendlecher am Lycées-Alter gi reegelméisseg an den CTSA?
  • Vu wou kommen dës Schüler?
  • Besteet eng Méiglechkeet, fir dës Jugendlech an engem „Centre pour le développement intellectuel“ (CDI) méi no bei hirem Wunnuert ënnerzebréngen?
    • Wa jo, gëtt et aktuell Jugendlecher mat Autismus an engem CDI?
    • Wat sinn d’Konditiounen, fir an en CDI dierfen ze goen?
  • Ass ugeduecht, fir an de kommende Joren dezentral CTSA-Strukturen ze schafen, fir alle Jugendlechen uechter d’Land eng gläichwäerteg Offer ouni laang Trajeten ze bidden?
    • Wa jo, wéi gesäit den Zäitplang aus a wou sollen dës Strukturen implantéiert ginn?
  • Ganz allgemeng, wéi eng Betreiungsméiglechkeete respektiv Betreiungsstrukturen ausserhalb vun de Schoulzäiten gëtt et fir Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen?
  • Ass eng entspriechend konkret Bedarfsanalys duerchgefouert ginn?
    • Wa jo, wat sinn d’Konklusiounen dovun a wat ass fir déi nächst Jore geplangt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck