Wéi vill Iwwerstonne ginn am Enseignement gemaach a wéi eng Upassunge si beim Bezuele vun den Iwwerstonne virgesinn ?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weider ze leeden.

Säit Joren leeschten d’Enseignantë an eise Lycéeë eng grouss Zuel vun Iwwerstonnen well en ëmmer méi akuten Enseignantsmangel besteet. Déi Situatioun ass säit laangem bekannt.  Déi geleeschten Iwwerstonnen ginn par Rapport zu enger „normaler “ Schoulstonn ouni Koeffizient berechent.

Op Grond vun dësen Informatiounen well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

Wéi vill Enseignant‘ en maachen Iwwerstonnen?
Wéi vill Iwwerstonnen ginn an den eenzelen Fachberäicher gehale?
Wéi vill Iwwerstonnen ginn allgemeng gehale?
Laut engem rezenten Artikel an der Press (Luxemburger Wort, 23.11.2019, Iwwerstonnen am Secondaire), sollt de Problem vun der Diskrepanz am Bezuelen vun den Iwwerstonnen an de Koalitiounsverhandlungen ugepaakt gin. Wéieng Konklusiounen sin hei gezun ging? Wéi eng Upassungen envisagéiert den Minister wuelwëssend datt mir am Enseignement op Iwwerstonnen ugewisen sinn?
Mat déiwem Respekt,

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputeierten

 

Zréck