Wéi vill Honorarkonsulen vertrieden am Ausland d‘Interesse vu Lëtzebuerg?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

Laut engem Artikel op der Noriichteplattform „reporter.lu“ sollen weltwäit eng Rei Honorarkonsulen a Skandaler, oder esou guer Strofdote verwéckelt sinn. Och Persounen, déi Lëtzebuerg am Ausland vertrieden, stinn an der Kritik. Ganz allgemeng geet et an dem Bericht iwwert d’wirtschaftlech Interesse vun den Honorarkonsulen.  An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Ausseminister stellen.

  • Wéi vill Honorarkonsulen vertrieden am Ausland d‘Interesse vu Lëtzebuerg?
  • A wat fir Länner huet Lëtzebuerg Honorarkonsulen?
  • Wat sinn déi genee Aufgabe vun engem Honorarkonsul?
  • No wat fir Krittäre ginn d’Persounen erausgesicht, déi als Honorarkonsul d’Interesse vun Lëtzebuerg am Ausland vertrieden?
  • Mussen Honorarkonsulen reegelméisseg e Bericht iwwert hier Aarbecht virleeën?
  • Gëtt e reegelméissege Screening gemaach, fir ze kontrolléieren, op d’Honorarkonsulen sech näischt zuscholden kommen gelooss hunn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Claude Wiseler

Deputéierten

 

Zréck