Wéi vill Hektar Fudderfläch gi vu Lëtzebuerger Baueren an de Nopeschlänner bewirtschaft?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

An de leschten Deeg sinn d’Baueren iwwer d’Berechnung vum Véibestand bei den eenzele Fërdermoossnamen an den Agrarëmwelt- a Klimaprogrammer informéiert ginn. Eisen Informatiounen no gëtt z.B. bei der “Beihilfe zur Beibehaltung eines niedrigen Viehbestandes” an och bei der “Beihilfe zur Reduzierung des Rinderbestandes” fir d’Berechnung vun der Besatzdichte nëmmen d’Fudderfläch zu Lëtzebuerg berécksiichtegt. Allerdéngs bewirtschaften vill Betriber Fudderflächen an der Grenzregioun, och well den Drock um Land an der Landwirtschaft extrem héich ass. Des Situatioun gëtt nach verstäerkt, well de Staat selwer, mee och eng Partie aner Organisatiounen, landwirtschaftlech Flächen opkafen. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Wéi vill Hektar Fudderfläch gi vu Lëtzebuerger Baueren an de Nopeschlänner bewirtschaft?
  • Fir wat gëtt bei de Fërdermoossnamen net no der reeller Situatioun vum Betrib gekuckt, respektiv, firwat ginn d’Fudderflächen, déi Betriber an der Grenzregioun bewirtschaften, net bei der Berechnung vun der Besatzdichte berécksiichteg?
  • Ass de Minister gewëllt, des Reegelung nach un ze passen?
    • Wann jo, wéini?
    • Wann neen, firwat net an wéi wëll de Minister déi konsequent Benodeelegung vun dëse Betriber verhënneren?
  • Wéi wëll de Minister Bauere motivéieren, déi bereet sinn, hire Véibestand pro ha Fudderfläch ze reduzéieren, déi awer e groussen Deel vun hirer Fläch am Ausland hunn?
  • Ass de Minister net der Meenung, datt des Reegelung den Drock op d’Land zousätzlech verschäerft?
    • Wa jo, wat wëllt de Minister dergéint maachen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Zréck