Wéi vill Hausdéieren ginn zu Lëtzebuerg all Joer ausgesat a wat sinn d’Strofe fir de Proprietär?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeleeden. A Frankräich ginn all Joer ronn 200.000 Hënn a Kazen ausgesat, besonnesch an der Summervakanz. Dofir huet de franséische Landwirtschaftsministère rezent ënnert dem Hashtag #StopAbandon eng national Sensibiliséierungskampagne lancéiert. Et sollen och méi strikt Kontrolle gemaach ginn. An Däitschland verbitt dann och d’Gesetz et, Déiren auszesetzen oder zréckzeloossen, fir him lass ze ginn oder fir sech der Halter- oder Betreierflicht ze entzéien. Och hei ze Lëtzebuerg ginn iwwert d’Summerméint vill Hausdéieren op d’Strooss gesat. Dofir sinn d’Déierenasyler dacks iwwerfëllt.

An deem Kader wëll ech der Madamm Ministesch follgend Froe stellen:

• Ass der Regierung bekannt, wéivill Hausdéieren hei zu Lëtzebuerg all Joer ausgesat ginn?

• Kristalliséiert sech eng Tendenz an der Entwécklung vun de Fäll eraus?
• Sinn an der Summervakanz speziell Moossnamen oder Kontrollaktiounen virgesinn?
• Gedenkt d’Regierung, eng Sensibiliséierungscampagne hei am Land ze lancéieren, fir ze verhënneren, datt an de Summerméint ëmmer nees Hënn a Kazen ausgesat ginn?
• Ass gewosst, wéivill fräi Plazen grad iwwer de Summer an den Déirenasyler sinn fir eventuell esou Déiren opfänken a versuergen ze kënnen?
• Wat sinn d’Strofe fir de Proprietaire, dee säin Hausdéier aussetzt?

Här President, ech bieden Iech, main déifste Respekt unzehuelen.

Octavie Modert, Députéiert

Zréck