Wéi vill Groussvéieenheete gouf et insgesamt am Joer 2023?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Laut den Zuele vum Statec gouf et am Joer 2021 1.869 landwirtschaftlech Betriber zu Lëtzebuerg. Am selwechte Joer louch d’Gesamtzuel vun de landwirtschaftlechen Aarbechtskräfte pro Joer bei 3.521 (UTA). Zuel vun de Ranner louch bei 189.543. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

 

  • Wéi vill Betriber insgesamt beschäftege manner wéi 2 theoretesch UTA?
    • Wéi vill Betriber beschäftegen an der Déiereproduktioun manner wéi 2 theoretesch UTA?
  • Wéi vill Betriber beschäftegen insgesamt tëschent 2 a 5 theoretesch UTA?
    • Wéi vill Betriber beschäftegen an der Déiereproduktioun tëschent 2 a 5 theoretesch UTA?
  • Wéi vill Betriber beschäftegen insgesamt méi wéi 5 theoretesch UTA?
    • Wéi vill Betriber beschäftegen an der Déiereproduktioun méi wéi 5 theoretesch UTA?
  • Wéi vill Groussvéieenheete gouf et insgesamt am Joer 2023?
    • Wéi héich läit d’Moyenne vun de Groussvéieenheete pro Hektar?
    • Wéi héich läit d’Moyenne vun de Groussvéieenheete pro Betrib?
    • Wéi héich läit d’Moyenne vun de Groussvéieenheeten an der Kategorie vun de Betriber ënner 2 theoretesch UTA?
    • Wéi héich läit d’Moyenne vun de Groussvéieenheeten an der Kategorie vun de Betriber tëschent 2 a 5 theoretesch UTA?
    • Wéi héich läit d’Moyenne vun de Groussvéieenheeten an der Kategorie vun de Betriber iwwer 5 theoretesch UTA?

 

Här President, ech  bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Zréck